Zwee Dirigenten, een Orchester
Et gëtt en neien sinfonesche Blosorchester zu Lëtzebuerg. Nom Virbild vun enger ganzer Rei Projetsorchesteren an Däitschland gouf de "Festival Orchestra Luxembourg" gegrënnt. Dat besonnescht: Den Amateur-Orchester huet zwee Dirigenten. Wat sinn d'Iddien hanner dësem neien Ensembel? Wéi situéiert e sech an der grousser Zeen vun Amateurmuseken zu Lëtzebuerg? Doriwwer an iwwert den éischte Concert vum Orchester muer um Samschdën Owend (28.10.) um 8 Auer am Stater Conservatoire schwätzt de Luc Boentges mat den Dirigente Romain Kerschen an Tim Kleren.