National

Finanzéierungsgesetz fir GovSat-2 an der Chamber ugeholl

D’Finanzéierungsgesetz fir de GovSat-2 gouf mat 57 Jo-Stëmmen an nëmmen zwou Nee-Stëmmen an der Chamber ugeholl. Domat confirméiert sech de Plang fir de Satellit Ufank 2029 op Orbit ze bréngen, esou d’Defenseministesch Yuriko Backes an der Chamberplénière.

auto_stories

1 min

De Staat wäert dofir 301 Milliounen Euro bezuelen. D’Haaptmissioun vum GovSat-2 ass et d’Kommunikatiounskapazitéite fir d’Lëtzebuerger Defense, fir d’EU-Institutiounen, fir d’NATO a fir d’NATO-Partnerlänner zu Verfügung ze stellen.

Et géif ee sech iwwerdeems en ekonomesche Retour erwaarden, esou d’DP-Ministesch Yuriko Backes.