Et wier nach net zu 100 Prozent sécher, mee et wier een um gudde Wee, d’Annonce geschwënn offiziell ze maachen, huet den Andy Schleck gesot.
Déi fréier Lëtzebuerger Cyclistin Christine Majerus soll eng wichteg Roll bei der Organisatioun iwwerhuelen, esou den Andy Schleck.
Tour de Luxembourg 2026
Den Tour de Luxembourg vun den Häre goung gëschter op en Enn. Schlussgewënner gouf den Italiener Davide Piganzoli. Beschte Lëtzebuerger gouf den Arno Wallenborn op der 16. Plaz.