Radioen

On air

Notturno  |  Leonid Desyatnikov - "Wie der Alte Leiermann..." - Aylen Pritchin (Gei), Lukas Geniusas (Piano)

play_arrow Live
search

/ Folias Americanas

Klassik Album vun der Woch

Folias Americanas

Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: De neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Zwee Kontinenter, zwou Epochen

De Marin Marais war Komponist um Haff vum Louis XIV also am 18. Joerhonnert, de Calixto Àlvarez gouf 1938 zu Kuba gebuer. Hir Kompositiounen op dem Album hunn awer eppes gemeinsam. Allebéid hunn Danzsuite fir d'Viola de Gamba komponéiert.

D'Folies d'Espagne neiinterpretéiert

Dem Calixto Àlvarez seng Kompositioun Folias Americanas besteet aus Variatiounen op d'Melodie vun de Folies d'Espagne vum Marin Marais. Den Àlvarez interpretéiert awer déi traditionell Danzsuite nei. Am Plaz vun de franséischen Dänz, huet hie fir seng Suite Afro-kubanesch Dänz benotzt. Als Intro an Outro ginn et zwee Stécker fir dräi Viole vum Marin Marais.

E modernen Ensembel mat historeschen Instrumenter

Den Ensembel Vedado besteet aus zwou Gamben engem Cembalo, enger Theorbe an enger Barocker Gittar. Den Ensembel besteet aus Museker a Musekerinnen déi souwuel den historesche Repertoire op héijem Niveau spillen, wéi och zäitgenëssesch Musek.

Lauschterenplay_arrow