Neien Album vum Romain Nosbaum

For Piano ... or not?

De Lëtzebuerger Pianist Romain Nosbaum bréngt de 5. September een neie Solo-Album eraus. Mat Musek déi een net dacks um Piano héiert.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

Romain Nosbaum | © radio 100,7 play_arrow
Romain Nosbaum (Foto: radio 100,7)

"Pour Elise" vum Beethoven oder dem Chopin seng Nocturnë ginn dacks um Piano gespillt an och op Albumen opgeholl. Wéi ass et zum Beispill mam Tschaikowski sengem "Schwanensee"-Ballet oder dem Debussy senger "Prélude à l'après-midi d'un faune"? Déi Wierker sinn original fir aner Instrumenter komponéiert ginn, mee et ginn awer ëmmer méi Transkriptiounen, déi d'Spillen um Piano erméiglechen. De Romain Nosbaum huet eng Passioun fir esou Wierker um Piano de Leit méi no ze bréngen. Dat ass och d'Zil vu sengem neisten Album "For Piano ... or not".

De Lëtzebuerger Pianist verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi.

Lauschterenplay_arrow