Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Pierre Rode - Concerto fir Gei Nr.10 a Si Mineur, Op. 19, III. Tempo di polacca - Friedemann Eichhorn (Gei), SWR Rundfunkorchester Kaiserslautern, Nicolás Pasquet (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Fräiheetsconcert vu Beetebuerg

Klassik Aktuell

Fräiheetsconcert vu Beetebuerg

D'Militärmusek invitéiert zesumme mam Amstel Quartet op ee Fräiheetsconcert.

auto_stories

1 min

Sonndes, de 15. September 2024 um 17 Auer invitéiert d'Militärmusek ënnert der Leedung vum Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun zesumme mam Amstel Quartet op de Fräiheetsconcert zu Huncheréng.

Dëse Concert fënnt am Kader vum 80. Anniversaire vun der Liberatioun vu Beetebuerg statt.

Um Programm stinn ënnert anerem Wierker vun de Komponiste Pol Albrecht, Marco Pütz, Georges Sadeler an Thomas Doss.

Fir iwwert dëst Event ze schwätzen, waren de Komponist Marco Pütz , wéi och den Olivier Sliepen vum Amstel Quartet am Radio an Opus 100,7 Interview beim Lex Kauffmann, fir iwwert de Programm an de Kader ze schwätzen.

Lauschterenplay_arrow