De Juli war a Frankräich och extreem dréchen. Beim Reen hätt et en Defizit vu 70 Prozent ginn. Et war, no de Joren 2022 an 2020, den drëtt-dréchenste Juli a Frankräich jeemools, esou Météofrance. D‘Dréchent hätt uerg Konsequenze fir d‘Landwirtschaft a wier en Haaptgrond fir déi besonnesch schlëmm Bëschbränn a Frankräich dëst Joer.
Italie vun Hëtztwell getraff
An Italie gëllt wéinst enger Hëtztwell fir all 27 grouss Stied déi héchst Alarmstuf rout. Dat huet de Gesondheetsministère zu Roum matgedeelt. Déi extreem héich Temperature vu bis zu 40 Grad wieren e grousse Gesondheetsrisiko fir d‘gesamt Populatioun, esou de Gesondheetsministère.
D‘Regierung huet Aarbechtsverbueter an der Landwirtschaft an am Bau wärend de wäermste Stonnen decidéiert. Déi finanziell Ausfäll ginn iwwer Chômage partiel kompenséiert.
Temperaturrekord an Éisträich
Zu Wien goufe gëschter 40,8 Grad gemooss, huet den nationale Wiederdéngscht matgedeelt. Wéi a villen aneren europäesche Länner ass et och an Éisträich extreem dréchen. Am Juli hätt et op ville Plazen 90 Prozent manner gereent wéi üblech.