Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Nicola Porpora - Dall'amor piu sventurato, aus 'Orfeo' (Oper) - Philippe Jaroussky (Countertenor), Venice Baroque Orchestra, Andrea Marcon (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Franséisch Musek tëschent Hoffnung a Verzweiwlung

Concert mat neiem Trio

Franséisch Musek tëschent Hoffnung a Verzweiwlung

Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewe stinn am Kontrast, mee ginn duerch franséisch Kläng vu spéitromantescher bis impressionistescher Musek vereent.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

Nora Braun a Stefanie Duprel | © radio 100,7 play_arrow
Nora Braun a Stefanie Duprel (Foto: radio 100,7)

Fauré, Boulanger, Saint-Saëns a Leclair - 4 grouss Nimm aus der franséischer Museksliteratur, déi vill Gemeinsamkeeten hunn an awer am Kontrast zuenee presentéiert ginn. Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewen an d'Liichtegkeet an d'Schwéierfällegkeet spillen dobäi eng grouss Roll.

Zesummegestallt gouf dëse Repertoire vun dräi jonke Professorinnen aus dem Escher Conservatoire, déi de Samschden den Owend (22.03.) fir d'éischt zesummen am Trio optrieden. D'Pianistin an Organistin Stefanie Duprel an d'Cellistin Nora Braun hunn an engem Gespréich mam Christophe Mirkes verroden, wat si un dësem franséische Programm begeeschtert, wat et mam Fréijoer an dem Enn vum Liewen op sech huet a wéi dëse Programm zustane koum, well d'Ausgangsiddi war eigentlech eng aner.

Lauschterenplay_arrow