Frankräich

Franséisch Regierung reagéiert op Protester: Ë.a. Parcoursup soll reforméiert ginn

Gëschter koum déi franséisch Regierung mat Schüler:innen- a Studenteverbänn zesumme fir dem Protest vun de Jonken entgéintzewierken. D’Regierung huet gëschter Owend weider Mesurë proposéiert. Dës ginn de Jonken awer net duer. Si ruffen op, weiderhin ze protestéieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© EPA/Firas Abdullah play_arrow
(Foto: EPA/Firas Abdullah)

No fënnef Woche Maniffen a Blockagë wollt d’Regierung gëschter een Zeeche setzen an de Schüler:innen an de Studenten a Studentinnen eng Friddensoffer ënnerbreeden.

15.000 amplaz 250.000 nei Plazen am Supérieur

De Premier Sébastien Lecornu koum mat verschiddene Verbänn an Organisatioune vun de Jonken zesummen an huet hinne versprach, op hir Fuerderungen anzegoen.

Wéineg méi spéit koumen dunn d’Annoncë vun der Regierung.

Déi ëmstridde Plattform Parcoursup, déi den Zougang zu den Unie reegelt an als ontransparent an onfair kritiséiert gëtt, soll d’nächst Joer reforméiert an duerno remplacéiert ginn. Dat war eng Kärfuerderung vun de Jonken.

Och solle 15.000 zousätzlech Plazen am Enseignement supérieur geschafe ginn. Dat sinn der allerdéngs däitlech manner ewéi déi gefroten 250.000.

Gemenge kréie Prête fir d'Schoulen 

D’Schüler:inne kritiséieren och, datt d’Klassesäll ze voll sinn. Dofir wëllt d’Regierung an Zukunft just nach 28 Jonker an de Klasse vum Secondaire. Aktuell sinn et der duerchschnëttlech 30.

Och gi 4 Milliarden Euro iwwer véier Joer als Prêt zur Verfügung gestallt, fir datt d’Gemengen hir Schoule sanéieren a renovéiere kënnen.

D’Schüler:inne a Studente sinn zwar frou iwwer dës Annoncen, ruffen awer dozou op, weider op d’Stroossen ze goen, wéi de Vizepresident vun der Organisatioun Les Lycéens, de Louis Letoublon, um Mikro vu Franceinfo sot.

Den Educatiounsminister Edouard Geffray hat op der Pressekonferenz gëschter Owend betount, keng vun den Annoncë wier een eidelt Verspriechen. Am Ganze sollen dës Mesurë 5 bis 6 Milliarden Euro kaschten.

Lauschterenplay_arrow