Am Alter vu 65 Joer

Fréieren Uergelprofesser Jean-Jacques Kasel ass dout

De Jean-Jacques Kasel ass am Alter vu 65 Joer gestuerwen. Dat liest een haut am Lëtzebuerger Wort. Hie war Uergelprofesser am Stater Conservatoire an huet selwer och Uergelen entworf.

auto_stories

1 min

Hei am Land, an Italien an a Frankräich sti 6 Uergelen, déi no senge Pläng gebaut oder restauréiert, respektiv erweidert goufen.

De Jean-Jacques Kasel hat 10 Joer laang d‘Uergelsendung "Chamades" hei um Radio moderéiert a war national wéi international och als Solist a mat Orchesteren ënnerwee.