“Fuego del Tango” – de Lëtzebuerger Quintett ass 2021 am Kader vum Centenaire vum Astor Piazzolla sengem Gebuertsdag gegrënnt ginn. Déi fënnef Museker.innen hunn eng grouss Passioun fir d’Musek vum argentinesche Komponist a Meeschter vum Tango. Op hirem éischte Concert an der Philharmonie dëse Sonnden (10.12.) stinn 13 Stécker vum Piazzolla um Programm, manner bekannt Musek an och Filmmusek. D’Marie Schockmel huet sech mam Bandoneonist Daniel Gruselle a Gittarist Miguel Gruselle, Papp a Jong, ënnerhalen.