Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Robert Schumann - Fantasiestécker fir Piano a Klarinett, Op. 73, I. Zart und mit Ausdruck - Tabea Zimmermann (Braatsch), Jörg Widmann (Klarinett), Dénes Várjon (Piano)

play_arrow Live
opus

/ E groussen Dag fir de Saxophon

KLASSIK AKTUELL

E groussen Dag fir de Saxophon

D'Luxembourg Saxophone Association huet den 28.September mat ronn 200 Saxophonisten den 'LSA Mega Saxophonsorchester' fir d'éischt un d'Klénge kritt.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

© Morgane Weidig play_arrow
Nadine Kauffmann, Andreas Mader, Hy-Khang Dang

Et war e groussen Dag fir de Saxophon a fir Saxophonistinnen a Saxophonisten: Jonk an Al, Amateur a Professionell - all waren se wëllkomm fir zu bal 200 dee gréisste Saxophonsorchester zu Lëtzebuerg ze forméieren. Dat bréngt organisatoresch an natierlech och artistesch Erausfuerderunge mat sech: Arrangementer mussen adaptéiert ginn, et brauch een och Memberen déi zum Beispill um Tubax, engem Kontrabass-Saxophon kënne spillen, an da gouf dee komplette Repertoire just um Dag vum Concert zesumme geprouft.

Wéi all dës Erausfuerderunge schlussendlech zum éischten Erfolleg vum 'Mega Saxophonsorchester' gefouert hunn, verroden d'Nadine Kauffmann, den Andreas Mader an den Hy-Khang Dang am Gespréich mam Christophe Mirkes.

Lauschterenplay_arrow