Den Thomas Dewez an de Miguël Gruselle sinn allen zwee Enseignanten um Conservatoire de Musique du Nord. Dese Mëttwoch (11.10.) spillen den Hautboisist an de Gittarist hiren alleréischte Concert zesummen. Am Mëttelpunkt steet hei südamerikanesch an “jazzy” Musek, zemools vum Astor Piazzolla. D’Marie Schockmel huet sech mat den zwee Museker ënnerhalen.