Déi oppe Schwämm zu Hesper beim Camping am Park ass zou. Elo ass nämlech erauskomm, datt et zënter 2014 keng Autorisatioun gouf, fir se ze bedreiwen.
Schwämm ouni Autorisatioun: Duerch en Zoufall erausfonnt
Wéi konnt et sinn, datt dës Schwämm méi wéi 10 Joer ouni Autorisatioun bedriwwe gouf? Déi aktuell Buergermeeschtesch Diane Adehm betount am 100,7-Interview, datt kee sech däers bewosst war.
Si erkläert, datt ee just duerch Zoufall erausfonnt hätt, datt eng Autorisatioun feele géing. Well d’Jugendhaus keng Studente méi stelle wollt, déi Garde halen, hätt d’Gemeng sech bei der ITM gemellt fir erauszefannen, wéi eng Formatioun ee bréicht, fir déi Roll an Zukunft ze iwwerhuelen.
D’Äntwert: Dat kéint een an der Betribsgeneemegung erëmfannen. Eng Geneemegung, déi een awer net hat.
“Dat ass warscheinlech historesch bedéngt. Déi ass eng Kéier just ugefrot ginn. Fir 2009 hate mir eng Betribsgeneemegung."
2016 ass d’Schwämm fest gebaut ginn.
Schwämm war ni Theema am Schäfferot
Ausserdeem hätt et op der Gemeng net richteg ee Responsabele fir d’Schwämm ginn, seet d’Diane Adehm. Et wieren ëmmer nees verschidde Servicer dru bedeelegt gewiescht. Och de Beamten, dee wéinst engem Bedruchsfall net méi op der Gemeng schafft.
Wien iwwerhëlt elo d’Verantwortung? A ginn et juristesch Konsequenzen. “Op deem Punkt si mir nach net ukomm”, seet dozou d’Buergermeeschtesch.
Wéi Reporter.lu mellt géing sech d’Waasserverwaltung déi Optioun awer ophalen.
“Mat mir huet bis elo nach kee geschwat."
Wichteg ze betounen ass, datt dëst an der Zäit vun der Diane Adehm hirem Virgänger, de Marc Lies, geschitt ass. Hien hätt méi dacks Saache vum Schäfferot ewechgehalen, fir keng Zäit ze verléieren, sot d’Diane Adehm géigeniwwer vu Reporter.lu.
Am Nachhinein géing si sech natierlech elo Froe stellen, mee Fakt wier och, datt d’Schwämm ni Theema am Schäfferot war.
11 Mol d'Gesetz gebrach
Iwwer aktuell Dossiere vun der Gemeng géing si iwwerdeems net mam Marc Lies schwätzen. D’Diane Adehm hofft och, datt keng weider Fäll op d’Tapéit kommen, mee “eng Kristallkugel” hätt si net.
Rezent koum nämlech och eraus, datt d’Hesper Gemeng sech net ëmmer un d’Gesetz iwwer déi ëffentlech Ausschreiwunge gehalen huet, esou den Inneministère.
"Deemools gouf gesot, et muss virugoen."
Wat d’Fourniture ugeet hätt ee sech drugehalen, erkläert d’Diane Adehm, net awer wat d’Ausschreiwunge bei den Architekten an Ingenieuren ugeet. Dann hätt een ënner anerem e Cahier des charges missten opstellen.
"Do verléiert een Zäit. Do ass dann déi eng oder aner Ofkierzung geholl ginn."
11 där Fäll huet den Inneministère opgelëscht. Eng Suite kritt déi ganz Affär awer wuel net. An Zukunft soll sech d’Gemeng awer un d’Gesetz halen, betount d’Buergermeeschtesch. Dat do géing si net méi dulden.
"Wann ee bei mir en Dokument freet, da kritt een dat och"
Vun hirem Virgänger iwwerholl goufen och déi ugespaante Relatioune mat der Oppositioun. Nach rezent wollt een Oppositiounspolitiker an engem Interview mam Quotidien just anonym zitéiert ginn, aus Angscht viru Konsequenzen.
D’Diane Adehm betount am 100,7-Interview, datt si kee Problem mat der Oppositioun huet.
"Ech hu kee Problem mat der Oppositioun. Mir liewen an enger Demokratie an do huet d’Oppositioun eng berechtegt Roll. A wa si hirer Roll nokommen, dann hunn ech domat kee Problem."
Ëmmer nees gouf vun Transparenz geschwat, déi feele géing, oder schlecht Zougäng zu verschidden Dossieren. “Mir wëllen dat elo aneschters ugoen”, seet d’CSV-Buergermeeschterin.
"Wann ee bei mir en Dokument freet, da kritt een dat och. Dat ass kee Problem."
De ganze Gemengerot soll an Zukunft méi mat agebonne ginn an net just fäerdeg Projete presentéiert kréien.
Ee Projet soll nach virun de Wale realiséiert ginn
Wat gréisser Projeten ugeet, do wéilt d’Diane Adehm virun den nächste Gemengewalen nach eng drëtt Crèche baue loossen. Aktuell ginn et der zwou an d’Waardelëschte si grouss. Déi nei Crèche soll da 50 weider Kanner ophuele kënnen.
Och de Projet ALPHA stellt d’Gemeng virun Erausfuerderungen: Et wäerte kuerzfristeg gesinn net genuch Säll ginn.
"Fir déi nächst Rentrée geet et nach duer, mee fir déi Rentrée duerno fänkt et u knapps ze ginn."
Zu Hesper ass ee grousse Problem jo bekanntlech den Trafick. Do läit elo eng Léisung um Dësch, déi awer net bis déi nächst Wale wäert kënnen ëmgesat ginn: Eng Ëmgeeungsstrooss. Déi soll fréistens 2037 operationell ginn.
Bis dohinner géing een de Fokus op d’Mobilité douce leeën, seet d’Diane Adehm. De Lift vum Holleschbierg erof an den Zentrum wier e grousse Succès. Ausserdeem soll e City Bus en place gesat ginn, deen den Duerchgangstrafick berouege soll.