"Problematesche Réckschrëtt"

Mouveco kritiséiert Pläng fir Plug-In-Hybrid Firmenautoen ze ënnerstëtzen

De Mouvement Ecologique kritiséiert d‘Regierung wéinst enger geplangter méi héijer Steiervergënschtegung vu Plug-In Hybrid Firmen-Autoen.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

E neit groussherzoglecht Reglement gesäit fir, datt Plug-In Hybrid Déngschtween vum nächste Joer un als Avantage en Nature vun engem Steiersaz vun engem Prozent solle kënne profitéieren, am Plaz vun 2%, wéi et virdru virgesi gewiescht wier .

D‘Regierung argumentéiert déi Vergënschtegung als Transitiounschrëtt fir d‘Leit z‘encouragéieren, iergendwann op e reng elektreschen Auto ëmzeklammen, an och fir d‘Ziler an der Elektromobilitéit ze erreechen.

De Mouveco gesäit et als Réckschrëtt am Klimaschutzberäich, well Plug-In Hybriden am Verglach zu rengen E-Autoen esouwuel an der Produktioun wéi och am Verbrauch méi CO2 géifen ausstoussen.