Logement

Gilles Roth: Steierlech Logements-Mesuren hunn hir Wierkung gewisen

D'Steieravantagen am Beräich vum Logement ginn net iwwer den 30. Juni eraus verlängert. Dëst huet de Finanzminister Gilles Roth gëschter um Méindeg virun der Press matgedeelt. Ausnam ass dee sougenannte Bëllegen Akt. Dëse bleift bei 40.000 Euro fir den Acquis vun engem Eegenheem.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Gilles Roth | © Chris Zeien play_arrow
Gilles Roth (Foto: Chris Zeien)

Déi steierlech Mesurë waren ufanks ageféiert ginn, fir de Logementsmarché an domat och de Bausecteur nees unzekuerbelen. Elo misst een dem Marché awer nees fräi Hand loossen, an dowéinst wieren dës Mesuren net verlängert ginn, esou de Bilan vum Gilles Roth.

Keefer hunn nach Zäit

Fir datt Leit awer net déi "sougenannte Logements- a Wunnengsdier op d'Nues zougeschloe kréien", hu Keefer elo nach bis den 30. September Zäit den Akt beim Notaire ze ënnerschreiwen, heescht et vum Gilles Roth.

De Compromis de vente oder de Reservatiounskontrakt muss heifir awer bis den 30. Juni beim Enregistrement agedroe sinn, heescht et vum CSV-Finanzminister.

"Dës Modalitéite gëlle fir de Steierkredit fir sougenannte Locatiounswunnengen, 20.000 Euro pro Persoun, also physesch Persoun, d'Halbéierung vun der Base imposable fir d'Enregistrementskäschten. Et spillt och, wann ech déi Konditiounen erfëllen, de Quart du taux global op der Plus-value beim Verkaf vun enger Immobilie."

Et zielt och d'Immunisatioun vun der Plus-value am Fall vun engem Invest an de soziale Wunnengsbau oder energeetesch héichwäerteg Wunnengen an et zielt och den Amortissement accéléré vu 6 Prozent, preziséiert de Minister.

Iwwer 800 Nottärsakte méi

Dee sougenannte Bëllegen Akt bleift iwwer den 30. Juni eraus bestoen. De Gesetzesprojet heifir géif scho virleien, esou de Gilles Roth. De Bëllegen Akt bléif soumat bei 40.000 Euro.

"Dat heescht konkreet, dass eng eenzel Persoun bis zu engem Akafspräis vu 571.000 Euro keng Enregistrementskäschte muss bezuelen, wann Dir dat an enger Koppel hutt, da kommt Dir schonn op e Betrag vun 1.142.000 Euro, wou déi Koppel also vun deem Bëllegen Akt ka profitéieren."

Déi steierlech Mesuren hätten hir Wierkung gewisen, esou den CSV-Finanzminister. Am éischten Trimester vun dësem Joer wieren 1.474 Nottärsakten agaangen am Verglach mat 816 zejoert. An der Vente vun de sougenannte VEFA-Projete léich een duebel esou héich wéi 2024.

Nieft de Mesuren, déi am Februar 2024 ageféiert gi waren, hätten awer och déi méi niddereg Zënsen zu enger Hausse bei de Ventë bäigedroen, esou nach de Gilles Roth.

Lauschterenplay_arrow