Radioen

On air

De barocke Moien  |  Vittorio Monti - Czardas - Marc Meyers (Trombonn), Musique Militaire Grand-Ducale, André Reichling (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Gilles Roth: “Um Soziale gëtt net gefummelt”

Defense-Budget

Gilles Roth: “Um Soziale gëtt net gefummelt”

De Finanzminister schléisst weider aus, datt wéinst méi héijen Depensë fir d'Verdeedegung am Beräich vum Soziale géif gekierzt ginn. Och Steiererhéijunge wieren net geplangt, sou de Gilles Roth. Hie gëtt Präzisioune, wou d’Sue sollen hierkommen.

auto_stories

3 min

De Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth. | © European Union
De Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth. (Foto: European Union)

Wéi vill Sue stécht Lëtzebuerg an de nächste Joren an d’Verdeedegung?  D’Äntwert dorop dierft haut um Dënschdeg de Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun ginn. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth allzäit e Méindeg den Owend am Interview mam 100,7 zu Bréissel, kuerz no der Reunioun vum Eurogroupe annoncéiert.

Lëtzebuerg wëll keng Ausnam fir EU-Budgets-Reegele

De Gilles Roth huet confirméiert, datt Lëtzebuerg net vun Derogatioune fir d’EU-Budgets-Reegele profitéiere wëll, fir d’Depensë fir d’Verdeedegung ze finanzéieren.

D’Europäesch Kommissioun hat proposéiert, d’Reegele fir d’Staats-Scholden ze labberen, fir de Länner dobäi ze hëllefen, méi Suen an d’Defense ze stiechen.

Lëtzebuerg kënnt ouni déi Mesure aus, sou de Finanzminister.

"Ech gi perséinlech dovun aus, datt mer och zousätzlech Militärausgaben, Stand haut, kënne finanzéieren, ouni datt mer iwwert déi 3 Prozent Defizit musse goen. Duerfir hu mer net à ce stade gefrot, fir déi sougenannten Escape-Clause unzewenden."

Fir Lëtzebuerg wier eng finanziell Stabilitéit wichteg, och en vue dovun, wéi Ratings-Agencen d’Finanzplaz bewäerten, sou och de Finanzminister. Als Lëtzebuerg misst een dowéinst kucken, sou de Gilles Roth, datt "d’Kierch am Duerf bleift". 

Méi héich Schold an Deviatioun vun Investitiounen

Hie wier frou, datt d’Regierung d’Staatsschold, déi den Ament bei 24,7 Prozent vum PIB léich, erëm liicht konnt erofsetzen, präziséiert den CSV-Politiker.

Op d’Fro, wou d’Suen, déi zousätzlech sollen an d’Defense gestach ginn, da sollen hierkommen, huet de Gilles Roth dräi Piste genannt. Een Drëttel kéint iwwert de Budget finanzéiert ginn, "dat heescht och indirekt méi Schold". Ee weideren Drëttel kéim iwwert Investitiounsausgaben.

"Dat heescht wuel verstan net, dass Investitiounsausgaben, déi mer brauchen, géife gekäppt ginn, mee datt een déi Investitiounsausgaben an de Budget schreift, déi och wierklech prett sinn, fir kënne realiséiert ze ginn. Net all Strooss, net all Rond-point, net all Gebai ass zum selwechte Moment sprochräif."

Drëttens géif d'Regierung driwwer nodenken, aussergewéinlech an ausserbudgetär Moossnamen ze ergräifen. De Gilles Roth nennt do d’Beispill vu Finanzementer iwwert, d’SNCI. "Dës Promotiounsbank géif och an anere Länner beméit, fir Militär-Ausgaben ze bewierkstellegen", sou de Finanzminister. 

Keng Steiererhéijung geplangt

D’Sträiche vu Suen aus sozialen Dëppen huet den CSV-Politiker genee ewéi d’Erhéije vu Steiere weiderhin ausgeschloss. Dat hat hien och schonn am Mäerz am 100,7 - Interview esou annoncéiert.

"Ech soen Iech ganz kloer: Et gëtt net um Soziale gefummelt, grad wéi et och Stand haut keng Taxenerhéijung, dat heescht Steiererhéijunge wäert ginn."

Fir d’Detailer iwwert déi kuerz- a mëttelfristeg Militärdepensen huet de Gilles Roth op d’Ried zur Lag vun der Natioun verwisen.