Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Xaver Richter - Sträichquartett an Do Majeur, Op. 51, I. Allegro con brio - Martinu Quartet

play_arrow Live
opus

/ Gittarefestival zu Lëtzebuerg an italieenesch Musek

Resonanzen

Gittarefestival zu Lëtzebuerg an italieenesch Musek

Déi 4. Editioun vum Gittarfestival zu Lëtzebuerg an eise Klassik Album vun der Woch, op deem manner bekannt Wierker vum Antonio Vivaldi ze héiere sinn.

auto_stories

1 min

headphones

60 min

play_arrow

4. Editoun vum Gittarefestival: ee grousse Programm fir jiddereen

Vum 10. bis den 19. Mee geet erem de Gittarefestival zu Lëtzebuerg lass. Um Programm sti net nemmen Ausstellunge mat Instrumenter, Liseunge, Workshoppen a Concerten, mee och nach zwee Concoursen. Ee nationalen an een internationale Concert, an d'Finale ass de 19. Mee an der Philharmonie.

Den Hany Heshmat, Matorganisateur vum Festival, verréit am Gespréich mam Lex Kauffmann méi.

Lauschterenplay_arrow

Manner bekannt Musek vum Véier-Joreszäite-Komponist

Beim Numm Antonio Vivaldi denkt ee séier u seng véier Joreszäiten - eng Musek mat passende Melodien zu all Joreszäit, déi och séier zu engem Ouerwuerm ka ginn. Den italieenesche Komponist aus der Zäit vum Barock huet awer nach vill weider Wierker geschriwwen. Op sengem neien Album "Vivaldi Incognito" hellt de Barockensembel "Hexaton" eis mat op eng Entdeckungsrees duerch onbekannt Meeschterwierker vum Vivaldi. 

D'Marie Trussart huet den Album ganz gelauschtert, a verréit seng Andréck am Gespréich mam Marie Schockmel.

Lauschterenplay_arrow