En Album fir duerchzelauschteren
Genee wéi beim Volume 1 kann een den Album an enger Kéier duerchlauschteren. Esou wéi d’EP Glass One, ass den Album eng Hommage un de Philipp Glass: d'Musek vum minimalistesche Komponist ass also de roude Fuedem. Engersäits revisitéiert de Pascal Schumacher Stécker vum Glass mat Arrangementer fir Piano a Vibraphon. Niewendrun presentéiert hien eege Kompositiounen, déi sech un dem Glass säi Stil uleenen.
Inspiréiert vum Glass, mat engem echten Schumacher-Touch
Kennt een dem Philipp Glass seng Musek net, kritt ee net onbedengt mat, wéi eng Kompositioune vun him a wéi eng vum Schumacher sinn. Et gëtt eng gewësse Kontinuitéit an dësem Album, ouni awer datt de Schumacher elo probéiert de Glass ze kopéieren. De Schumacher leent sech un de Glass, inspiréiert sech vu senger Musek, dat Ganzt an sengem eegene Stil. Am Verglach zum Glass ass de Schumacher manner minimalistesch, hie schreift melodesch Sätz, déi sech am Laf vun de Stécker weiderentwéckelen, wou et beim Glass éischter kuerz musekalesch Iddien sinn, déi sech widderhuelen an lues a lues weiderentwéckelen.
Opening Rework
Zësumme mat der däitsch-griichescher Pianistin Danae Dörken, kritt de Schumacher et hinn, engem Stéck wat ursprénglech fir de Piano geschriwwe gouf, eng komplett nei Klangfaarw ze ginn. Den Duo Piano-Vibraphone passt perfekt zum Glass senger Musek, déi zwee Instrumenter ergänzen secha ginn dem Glass seng verdreemte Musekswelt immens gutt rem. Bei Opening Rework fänken de Schumacher an d'Dörken d’Essenz vum Glass sengem Opening. Si bleiwen dem Stéck trei, maachen gläichzäiteg komplett nei Klangwelten op.