Radioen

On air

Notturno  |  Gioachino Rossini - Petite messe solonnelle, VI. O salutaris hostia - Eleonora Buratto (Sopr.), Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, Gustavo Gimeno (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Gouf a gëtt d'Synagog zu Esch genuch vun der Police bewaacht?

Zeremonie fir de 70. Anniversaire

Gouf a gëtt d'Synagog zu Esch genuch vun der Police bewaacht?

D’Police widdersprécht der Duerstellung vum President vun der liberaler jiddescher Communautéit vun Esch, wat d’Policepresenz bei der Zeremonie fir de 70. Anniversaire vum neie Gebai vun der Escher Synagog ugeet. Bei dëser Feier wier keng Police do gewiescht, hat den David Weis virun enger Woch am 100,7-Interview kritiséiert. Der Police no wier eng Patrull present gewiescht. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Synagoge vun Esch hat de virleschte Samschdeg, den 9. November, hire 70. Anniversaire gefeiert. Dat ënner anerem mat enger feierlecher Zeremonie an der Synagog an der Escher Kanalstrooss.

"Do war guer keng Police do. Ma mir haten 160 Leit am Gebai. Dat ass ee konkrete Fall. Dat ass meeschtens net esou."

Esou d’Ausso vum President vun der jiddescher Communautéit vun Esch, dem David Weis, d’lescht Woch am 100,7-Interview.

Mat dëser Kritik konfrontéiert, huet d’Police eis schrëftlech geäntwert:" Zum gefroten Zäitpunkt war eng Policepatrull ronderëm d’Synagog present. Et goufe keng Incidente festgestallt."

Dat wier eng Policepatrull gewiescht, déi souwisou ënnerwee gewiescht wier, esou haut um Donneschdeg den David Weis. Hie seet och, datt eng permanent Policepresenz bei der Zeremonie den 9. November besser gewiescht wier.

Police schwätzt vun "objektiver Risikoanalys"

Am 100,7-Interview d’lescht Woch, hat hie virun de Gefore fir déi jiddesch Gemeinschaft hei am Land gewarnt, an hien hat sech generell ee permanent Bewaache vun de Synagoge gewënscht.

Zur Fro, ob dat iwwerhaapt méiglech wier, huet d’Police eis geschriwwen: "Ob dat méiglech wier, misst een evaluéieren, wann dëst néideg wier. Wéi schonn am Ufank vun der Äntwert gesot, ginn hei, grad ewéi bei gréisseren Evenementer oder dem Schutz vu Persounen, objektiv Risikoanalys gemaach, opgrond vun deenen déi vun der Police agesat Moyenen definéiert ginn."

Keng Detailler zur aktueller Geforelag

D’Police huet an hiren Äntwerten och confirméiert, datt d’Bewaachen hei am Land zënter engem gudde Joer intensivéiert gi wier. "Et gi verschidde Gebaier, déi am Zesummenhang mat der jiddescher Communautéit stinn, a bei deenen d’Präsenz vun der Police zënter den Evenementer vum Oktober 2023 erhéicht an zu engem gewësse Mooss virdefinéiert ass."

Aus taktesche Grënn wëllt d’Police keng Detailer verroden, wéi reegelméisseg a wéi intensiv zum Beispill d’Synagogen hei am Land vun der Police bewaacht ginn. Net kommentéiere wëllt d’Police d’Fro, wéi si déi aktuell Geforelag fir déi jiddesch Gemeinschaft aschätzt, a wéi dës Situatioun sech zënter dem Hamas-Massaker an Israel de 7. Oktober 2023 entwéckelt huet. Déi geopolitesch Situatioun géif awer an d’Risikoanalys mat afléissen, heescht et vun der Police. 

Lauschterenplay_arrow