D‘Grace Bumbry war 1961 déi alleréischt afro-amerikanesch Operesängerin, déi am Tannhäuser op de Richard Wagner Festspiller zu Bayreuth matgesongen huet. Dat war deemools ee grousse Skandal. Dëst Joer am Mee ass d’Grace Bumbry zu Wien verstuerwen. D’Maria Gutierrez verréit méi iwwert d’Operesängerin.