Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Grand-Duc Henri zur Affär Caritas: "Eng Katastroph, net nëmme fir d'Caritas"

Caritas

Grand-Duc Henri zur Affär Caritas: "Eng Katastroph, net nëmme fir d'Caritas"

Am Virfeld vun der Lieutenance hunn de Grand-Duc Henri an den Ierfgroussherzog Guillaume RTL an dem radio 100,7 zesummen en Interview ginn. An deem ronn 50 Minutte laange Gespréich huet de Grand-Duc Henri sech och zu der Caritas-Affär geäussert.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© Maison du Grand-Duc play_arrow
Foto: Maison du Grand-Duc

Et wier een extrem schockéiert gewiescht, datt esou ee Skandal zu Lëtzebuerg konnt stattfannen, esou de Grand-Duc Henri. 60 Milliounen Euro, déi do verschwonne sinn, dat wier eng Katastroph. An dat net nëmme fir d’Caritas.

"Natierlech ass et schrecklech fir d’Caritas, mee och fir all déi aner ONGen hei am Land. Dat ass ganz batter, well d’Confiance ass dat wat zielt an enger ONG. A wann d’Leit keng Confiance hunn, fir Donen ze maachen, dann ass dat fuerchtbar."

De Grand-Duc géing hoffen, datt déi Leit, déi fir d'Caritas geschafft hunn, eng gutt Transitioun an déi nei Struktur kéinte maachen, an datt déi kéint weiderfueren, "fir de Leit hei am Land ze hëllefen an hoffentlech och Weeër fënnt, fir déi aner Programmen am Ausland."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
National