Vibes wéi an der Filmrei "My Big Fat Greek Wedding"
Wien d'Filmrei "My Big Fat Greek Wedding" gesinn huet, weess datt net nëmmen d'Handlung griichesch ass, mee och d'Musek déi an de Filmer spillt. De Mikis Theodorakis géif do zu 100 % erapassen. De griichesche Komponist, dee virun 100 gebuer gouf, huet net nëmme Filmmusek komponéiert, mee och nach Sinfonië, Balleten an Operen. Am Ganze ginn et ronn Dausend Wierker vun him.
D'Danae Dörken geet hire griichesche Wuerzelen no
D'Danae Dörken ass scho laang keng onbekannte méi an der Welt vun de grousse klassesche Pianisten. Mat hiren 33 Joer huet si scho vill vun sech schwätze gedoen. Ënnert anerem dank hirem Pianoduo zesumme mat hirer Schwëster Kivali an dem Museksfestival deen si zesummen a Griicheland gegrënnt hunn. D'Danae Dörken huet awer och Connexioune mat Lëtzebuerg. Zesumme mam Letzebuerger Vibraphonist Pascal Schumacher huet si schonn een Album mar Musek vum Amerikaner Philip Glass erausbruecht. Hire neien Album dediéiert si dem Mikis Theodorakis, deen dëst Joer 100 Joer al gi wier. Viru véier Joer ass hien zu Athen am Alter vu 96 Joer verstuerwen.
Griichesch Nostalgie an Hoffnung
Op dësem Album spillt d'Danae Dörken deels zesumme mat der Staatskapelle Weimar an deels eleng um Piano. Et ass eng perfekt Mëschung, déi och net wéi zesumme gewürfelt kléngt. Bei all Wierk ass d'Danae Dörken zu 100 % dobäi a spillt mat enger immens grousser Passioun. Dat kënnt net nëmmen dovunner, datt si selwer grouss Connexioune mat griichescher Musek huet, mee och well si, egal wat si spillt, einfach d'Musek spiert. Si bréngt et fäerdeg, d'Wierker vum Theodorakis richteg opliewen ze loossen. Si kréiert eng Musek voller griichescher Nostalgie an och Hoffnung.