Radioen

On air

Notturno  |  Marco Pütz - Vier Bagatellen, IV. Sehr rasch - Luxembourg Brass Ensemble

play_arrow Live
opus

/ Grouss Kontroll op der Gare um Freideg

Police deelt mat

Grouss Kontroll op der Gare um Freideg

E Freideg huet d'Police eng grouss ugeluechte Kontroll op der Gare am ëffentlechen Transport gemaach mat Fokus op Drogen- an Immigratiounsgesetzgebung.

auto_stories

1 min

Police Logo | © picture alliance / BeckerBredel
Police-Logo (picture alliance / BeckerBredel)

21 Persoune goufen duerchsicht nodeems den Drogenhond ugeschloen huet, deelt d'Police mat. A 5 Fäll goufe kleng Quantitéiten Droge fonnt. Zwou Persoune waren och signaléiert.

20 Polizist:innen an zwee Drogenhënn waren un der Kontroll bedeelegt.