"Grousse Kino", dat war ëmmer de Stoff fir ze dreemen ... och vu "Fräiheet". Hollywood verdankt e puer vu senge bekanntste Filmmusek Partituren dem Abenteuer "Fräiheet".
Mir iwwerdroe fir Iech e Concert vum 1. Februar 2024: mat der NDR Radiophilharmonie ënnert der Leedung vum Frank Strobel. Um Programm steet Filmmusek vu John Williams, Jerry Goldsmith, Hans Zimmer, Rachel Portman, James Horner, a weidere grousse Nimm aus der Filmmusek.
Nolauschtere kënnt dir dëse Concert an eiser Mediathéik nach bis de 19. Dezember 2024.
Programm:
- Max Steiner (1888-1971): Suite aus "Casablanca"
- Rachel Portman (1960): Passage of Time, aus "Chocolat"
- Charlie Chaplin (1889-1977): Modern times
- Michael Nyman (1944): The Morrow, aus "Gattaca"
- Don Davis (1957): Suite, aus "Matrix"
- James Horner (1953-2015): Suite aus "Braveheart"
- Maurice Jarre (1924-2009): Prelude and First Entrance in the Desert, aus "Lawrence of Arabia"
- Alan Silvestri (1950): Main Theme aus 'Cast away'
- Luis Bacalov (1933-2017): La Corsa aus "Django" (1966) an "Django unchained" (2012)
- Hans Zimmer (1957): Suite aus "Gladiator"
- Jerry Goldsmith (1929-2004): Suite aus "Papillon"
- John Williams (1932): The Flying Theme, aus "E.T."
Interpreten:
- NDR Radiophilharmonie
- Frank Strobel, Direktioun