Pünktlech zum Ufank vum Joer huet de Joachim Fontaine sech op d'Sich no den éischte Spuere vun der Zesummenaarbecht vun de Wiener Philharmoniker an der Strauss-Dynastie gemaach - an domat natierlech och op den Ursprong vum weltwäit gefeierten 'Neujahrskonzert' am Musikverein.
De Johann Strauss I an II goufe vu grousse Romantiker wéi dem Liszt, Wagner a Brahms bewonnert. D'Wiener Philharmoniker haten hir Walzeren, Märsch a Polkaen awer laang net an hire Concertsprogrammen. Den éischten Neijoerschsconcert, nëmme mat Wiener Danzmusek, gëtt et réischt ronn 100 Joer no der Grënnung vun de Wiener Philharmoniker, an dat a politesch düsteren Zäiten...