The Guitar Player ass den zweeten Album vum schwedesche Gittarist Mattias Schulstad. Hien exploréiert bekannte Wierker aus dem Gittarerepertoire mat Stécker vum Manuel de Falla, Roland Dyens oder och Johann Sebastian Bach.
Schwedesch Volleksmelodien
Als Interluden zu de méi bekannte Stécker spillt de Schulstat eegen Arrangementer vu schwedesche Vollekslidder. 'Ack Värmeland, du sköna', 'Sommarpsalm' oder och 'Koralmelodi från Älvdalen'
En autobiografesche Charakter
De Mattias Schulstad spillt Stécker aus senger Zäit als Gittarschüler, wéi zum Beispill de Prelude an Do mineur, BVW 999. Dat war dat éischt Stéck vum Bach, wat hie jeemools gespillt huet. Mam Roland Dyens huet de Schulstad scho ma 15 Joer zesumme gespillt a vill vum Meeschter geléiert. Den Carlo Domeniconi huet hie perséinlech kennegeléiert a sech mat him iwwer d'Stéck 'Koyunbaba' ënnerhalen.
Beléifte Stécker aus dem Gittarerepertoire
Dësen Album ass eng gutt Aleedung zum Solo-Gittarerepertoire. De Mattias Schuldstad spillt beléifte Wierker aus iwwer 300 Joer Musek. Et ass e kontemplativen Album, deen een un engem Stéck lauschtere kann andeems een sech vun der Musek einfach dreiwe léisst.