Radioen

On air

Notturno  |  Leonid Desyatnikov - "Wie der Alte Leiermann..." - Aylen Pritchin (Gei), Lukas Geniusas (Piano)

play_arrow Live
search

/ Gustav an Alma Mahler

Concert Euroradio

Gustav an Alma Mahler

D'Haaptwierk an dësem Concert Euroradio ass dem Gustav Mahler seng "Auferstehungssymphonie", déi zweet mam Theema Endzäit, Weltënnergang an Neien Ufank an enger transzendentaler Géigewelt zur ierdescher Realitéit. Do virdru kënnt dem Mahler seng Fra Alma zu Wuert - gewëssermoossen als ausgläichend Gerechtegkeet, hat de Mahler dach all kompositoresch Ambitioune vun hir ënnerdréckt. Si wiere Mann a Fra, keng rivaliséierend Kolleegen, hat hien argumentéiert. De Christian Macelaru dirigéiert de Berliner Radiochouer, de WDR Chouer an de WDR Symphonieorchester.

auto_stories

1 min

WDR Sinfonie Orchester
WDR Sinfonie Orchester

Dëse Concert gouf de 4. November 2023 zu Köln an der Philharmonie opgeholl, a gëtt Iech presentéiert vum Remy Franck. Dir kënnt de Concert bis den 3. Abrëll 2024 an der Mediathéik vun opus 100,7 nolauschteren.

Programm:

Alma Mahler: Die stille Stadt, aus Fünf Lieder, Transkriptioun vum Clytus Gottwald fir a cappella Chouer
Gustav Mahler: Symphonie Nr. 2 an Do Mineur (Auferstehung)

Interpreten:

Hanna-Elisabeth Müller, Sopran
Wiebke Lehmkuhl, Alt
Berliner Radio Chouer
WDR Chouer
WDR Symphonieorchester Köln, Cristian Măcelaru