Resonanzen
De Gustavo Gimeno huet den 23.Mee säi leschte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker dirigéiert. Am leschte groussen 100,7-Interview gëtt de spueneschen Dirigent ganz perséinlech Ablécker a säi Joerzéngt mam Orchester. De Christophe Mirkes huet sech an dësem Resonanzen-Spezial Format eng Stonn Zäit geholl, fir mam Gustavo Gimeno iwwer déi schéinste Momenter ze schwätzen a fir duerch erausgesichte Museke grouss Momenter opliewen ze loossen...
00:00 - Begréissung
Den Abschidsconcert an der Philharmonie:
01:00 - Ass de Gustavo Gimeno prett fir säi leschte Concert als Chefdirigent an der Philharmonie?
06:24 - Déi gréisste Partitur aus där de Gustavo Gimeno jeemools dirigéiert huet...
07:00 - De Gustavo Gimeno iwwer seng Admiratioun fir de Lëtzebuerger Komponist Georges Lentz
Highlights:
08:18 - Souveniren, déi de Gustavo Gimeno als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker mat
follgende Stéchwierder verbënnt:
- 24.September 2015
- Kinnekswiss
- Buenos Aires
10:59 - Anton Bruckner: Sinfonie Nr. 1 an Do mineur WAB 101 (Extrait)
(Lëtzebuerger Philharmoniker, Gustavo Gimeno, 2017)
14:26 - Wat geet dem Gustavo Gimeno duerch de Kapp, wann hien déi éischt Sinfonie vum Anton Bruckner
héiert?
15:21 - D'Evolutioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker
16:23 - Dem Gustavo Gimeno säin éischte Concert an der Philharmonie als Chefdirigent
18:23 - Gustav Mahler: Sinfonie Nr. 1 a Re Majeur 'Titan' (Extrait)
(Symphonieorchester des Bayrischen Rundfunks,Yannick Nézet-Séguin)
21:47 - Déi éischt Sinfonie vum Gustav Mahler huet de Gustavo Gimeno op sengem éischte Concert als
Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker dirigéiert. D'Wierk erwächt awer och
Kandheetserënnerungen...
23:51 - Verpasste Momenter oder Geleegenheeten?
25:17 - Opereprojeten mat de Lëtzebuerger Philharmoniker
26:38 - Den nächste Schrëtt: Méi Oper als artisteschen Direkter vum Teatro Real zu Madrid
28:24 - Peter Tschaikowski: Sinfonie Nr. 5 a Mi mineur (Extrait)
(Berliner Philharmoniker, Herbert von Karajan)
33:31 - Firwat komme vill gutt Erënnerungen op bei der 5. Sinfonie vum Tschaikowski?
Tournéeë mat de Lëtzebuerger Philharmoniker:
34:04 - Südkorea: e qualitativen Héichpunkt vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gustavo Gimeno
35:58 - Sao Paulo: E Concert an enger fréierer Zuchgare
36:56 - Openair-Concert an der Alhambra mat vill Wand
Diskographie:
38:05 - 14 Alben hunn d'Lëtzebuerger Philharmoniker mam Gustavo Gimeno opgeholl, dorënner vill Musek
aus dem 20. an 21. Joerhonnert. Firwat eigentlech?
40:35 - Dem Gustavo Gimeno säi perséinleche Favorit ënnert sengen Alben ass dee mat der Musek vum Dutilleux...
43:39 - Henri Dutilleux: "Énigme" aus "Tout un monde lointain..."
(Jean-Guihen Queyras, Lëtzebuerger Philharmoniker, Gustavo Gimeno, 2024)
50:36 - Wat wäert de Gustavo Gimeno am meeschte vermëssen?
53:24 - Huet de Gustavo Gimeno eng Liblingsplaz an der Stad?
55:27 - Giacomo Puccini: Capriccio Sinfonico, SC 55 (Extrait)
(Lëtzebuerger Philharmoniker, Gustavo Gimeno, 2023)