RESONANZEN SPEZIAL

Gustavo Gimeno: Souveniren an Emotiounen

An engem groussen 100,7-Interview gëtt de Gustavo Gimeno ganz perséinlech Ablécker a säi Joerzéngt mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.

auto_stories

3 min

headphones

63 min

Gustavo Gimeno, Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker (2015-2025) | © radio 100,7/Kim Winkel play_arrow
Gustavo Gimeno, Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker (2015-2025) (Foto: radio 100,7/Kim Winkel)

Resonanzen

De Gustavo Gimeno huet den 23.Mee säi leschte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker dirigéiert. Am leschte groussen 100,7-Interview gëtt de spueneschen Dirigent ganz perséinlech Ablécker a säi Joerzéngt mam Orchester. De Christophe Mirkes huet sech an dësem Resonanzen-Spezial Format eng Stonn Zäit geholl, fir mam Gustavo Gimeno iwwer déi schéinste Momenter ze schwätzen a fir duerch erausgesichte Museke grouss Momenter opliewen ze loossen...

00:00 - Begréissung


              Den Abschidsconcert an der Philharmonie:

01:00 - Ass de Gustavo Gimeno prett fir säi leschte Concert als Chefdirigent an der Philharmonie?

06:24 - Déi gréisste Partitur aus där de Gustavo Gimeno jeemools dirigéiert huet...

07:00 - De Gustavo Gimeno iwwer seng Admiratioun fir de Lëtzebuerger Komponist Georges Lentz


              Highlights:

08:18 - Souveniren, déi de Gustavo Gimeno als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker mat
             follgende Stéchwierder verbënnt: 
               
- 24.September 2015
               - Kinnekswiss
               - Buenos Aires

10:59 - Anton Bruckner: Sinfonie Nr. 1 an Do mineur WAB 101 (Extrait)
(Lëtzebuerger Philharmoniker, Gustavo Gimeno, 2017)

14:26 - Wat geet dem Gustavo Gimeno duerch de Kapp, wann hien déi éischt Sinfonie vum Anton Bruckner
             héiert?

15:21 - D'Evolutioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker

16:23 - Dem Gustavo Gimeno säin éischte Concert an der Philharmonie als Chefdirigent

18:23 - Gustav Mahler: Sinfonie Nr. 1 a Re Majeur 'Titan' (Extrait)
(Symphonieorchester des Bayrischen Rundfunks,Yannick Nézet-Séguin)


21:47 -
Déi éischt Sinfonie vum Gustav Mahler huet de Gustavo Gimeno op sengem éischte Concert als
             Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker dirigéiert. D'Wierk erwächt awer och
             Kandheetserënnerungen...

23:51 - Verpasste Momenter oder Geleegenheeten? 

25:17 - Opereprojeten mat de Lëtzebuerger Philharmoniker

26:38 - Den nächste Schrëtt: Méi Oper als artisteschen Direkter vum Teatro Real zu Madrid

28:24 - Peter Tschaikowski: Sinfonie Nr. 5 a Mi mineur (Extrait)
(Berliner Philharmoniker, Herbert von Karajan)

33:31 - Firwat komme vill gutt Erënnerungen op bei der 5. Sinfonie vum Tschaikowski?

             Tournéeë mat de Lëtzebuerger Philharmoniker:

34:04 - Südkorea: e qualitativen Héichpunkt vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gustavo Gimeno

35:58 - Sao Paulo: E Concert an enger fréierer Zuchgare

36:56 - Openair-Concert an der Alhambra mat vill Wand


              Diskographie:

38:05 - 14 Alben hunn d'Lëtzebuerger Philharmoniker mam Gustavo Gimeno opgeholl, dorënner vill Musek
              aus dem 20. an 21. Joerhonnert. Firwat eigentlech?

40:35 - Dem Gustavo Gimeno säi perséinleche Favorit ënnert sengen Alben ass dee mat der Musek vum Dutilleux...

43:39 - Henri Dutilleux: "Énigme" aus "Tout un monde lointain..."
(Jean-Guihen Queyras, Lëtzebuerger Philharmoniker, Gustavo Gimeno, 2024)

50:36 - Wat wäert de Gustavo Gimeno am meeschte vermëssen?

53:24 - Huet de Gustavo Gimeno eng Liblingsplaz an der Stad?

 

55:27 - Giacomo Puccini: Capriccio Sinfonico, SC 55 (Extrait)
(Lëtzebuerger Philharmoniker, Gustavo Gimeno, 2023)

Lauschterenplay_arrow