Episod 7 // elo online

Hanner den Téin

Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast Hanner den Téin stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt.

auto_stories

10 min

headphones

48 min

play_arrow

Episod 7 - Sandrine Cantoreggi

De virtuose Klang vun der Gei ass eis duerch de groussen a klassesche Repertoire bekannt. Op virun engem Orchester oder méi intim bei der Kammermusek, d'Gei gëtt gäre ganz villsäiteg agesat. Wéi se an der Neier Musek vun haut ka kléngen, erkläert d'Geiistin Sandrine Cantoreggi an dësem neien Episod.

Lauschterenplay_arrow

Episod 6 - Claude Kraus

De Pianist a Komponist Claude Kraus beschäftegt sech niewent sengen eegene Kompositioune vill mat Arrangementer. Datt dës net nëmmen Upassungen a Vereinfachunge musse sinn, mee och extrem kreativ kënne sinn, erzielt de Claude Kraus an dësem Episod. Wéi eng Roll spillen Arrangementer am Alldag vun engem Museker a wéi kléngen se am Verglach zu den originale Versiounen?

Episod 5 - Catherine Kontz

Déi lëtzebuergesch Komponistin Catherine Kontz schreift ëmmer erëm gäre Musek fir Kanner. Am Gespréich mam Pit Brosius erzielt si, wéi wichteg esou Concerte sinn a wéi eng Roll se am Alldag vun de Museker, Nolauschterer a Produzente spillen.

Episod 4 - Guy Frisch

D’Musek vun Haut begleet de Perkussionist Guy Frisch all Dag an dominéiert net nëmme säi Liewen als Museker mee och als Direkter vum Ensembel fir nei Musek United Instruments of Lucilin. Wéi et dozou koum a wat hien dodru faszinéiert, erzielt hien dem Pit Brosius.

Episod 3 - Marcel Reuter

Am drëtten Episod trëfft sech de Pit Brosius mam Marcel Reuter, Komponist an Enseignant fir Harmonie a Kompositioun am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck. Zesumme schwätze si iwwer den Enseignement, also iwwer alles dat, wat ee léiere muss, fir kënne Komponist ze ginn, an iwwer dem Marcel Reuter seng Inspiratiounen.

Episod 2 - Cathy Krier

An dësem Episod erzielt d’Pianistin Cathy Krier iwwer d’Normalitéit vun der Neier Musek an hirem Liewen. Schonn als Kand konnt si eng Passioun fir mei modern Kläng entwéckelen, an esou spillt dat Experimentellt fir si och haut nach eng wichteg Roll. Sech trauen Neies ze entdecken an auszeprobéieren, dat war och ee vun de Grondsteng vun der enker Zesummenaarbecht mat der Komponistin Catherine Kontz.

Episod 1 - Camille Kerger

Am éischten Episod trëfft sech de Pit Brosius mam lëtzebuergesche Komponist Camille Kerger. Seng Musek, mee och hien als Persoun faszinéiert de Public ëmmer erëm mat ganz vill Charme a Wëssen. Hien erzielt, wat hien alles begeeschtert a wéi ee seng Inspiratiounen a senger Musek héiere kann. Doriwwer eraus gëtt hien en exklusiven Abléck a seng nei Kompositioun Music for Three.

Hannergrondinterviewplay_arrow