Am drëtten Episod trëfft sech de Pit Brosius mam Marcel Reuter, Komponist an Enseignant fir Harmonie a Kompositioun am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck. Zesumme schwätze si iwwer den Enseignement, also iwwer alles dat, wat ee léiere muss, fir kënne Komponist ze ginn, an iwwer dem Marcel Reuter seng Inspiratiounen.

An dësem Episod erzielt d’Pianistin Cathy Krier iwwer d’Normalitéit vun der Neier Musek an hirem Liewen. Schonn als Kand konnt si eng Passioun fir mei modern Kläng entwéckelen, an esou spillt dat Experimentellt fir si och haut nach eng wichteg Roll. Sech trauen Neies ze entdecken an auszeprobéieren, dat war och ee vun de Grondsteng vun der enker Zesummenaarbecht mat der Komponistin Catherine Kontz.

Am éischten Episod trëfft sech de Pit Brosius mam lëtzebuergesche Komponist Camille Kerger. Seng Musek, mee och hien als Persoun faszinéiert de Public ëmmer erëm mat ganz vill Charme a Wëssen. Hien erzielt, wat hien alles begeeschtert a wéi ee seng Inspiratiounen a senger Musek héiere kann. Doriwwer eraus gëtt hien en exklusiven Abléck a seng nei Kompositioun Music for Three.
