E Sonndeg 28. Januar trëtt de Bass-Bariton Tobias Berndt zesumme mam Ensembel Ludus Instrumentalis zu Luerenzweiler an der Kierch op. Um Programm vun dësem zweete Concert aus dem Festival Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette (RMVA) stinn ënner anerem Wierker vum Johann Sebastian Bach a vum Johann Gottlieb Goldberg.
De Luc Boentges huet mam Direkter vun den RMVA, dem Rosch Mirkes, geschwat.
Weider Informatiounen iwwer de Programm an d'RMVA ginn et hei.