Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Haut ass d'Schoulrentrée

16. September

Haut ass d'Schoulrentrée

Haut fänkt d'Schoul nees un. An de Grondschoulen ass d'Rentrée haut, an an de Lycée fänkt se muer u mat de 7ièmen. Iwwermuer ginn all déi aner Lycées-Klassen zeréck an d‘Schoul.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Adobe Stock

D'Zuel vu Schüler a Schülerinnen ass dëst Joer nach emol gewuess. An der Grondschoul sinn et am Ganzen 62.455 Kanner. Dat ass e Plus vun 10 Prozent am Verglach zu zejoert. Am Secondaire sinn et am Ganzen 53.692 Schülerinnen a Schüler. Dat ass e Plus vu 14 Prozent am Verglach zu zejoert, esou d'Zuele vum Educatiounsministère.

Wat d'Léierpersonal ugeet stinn an der Grondschoul ronn 6.400 Enseignanten an Enseignanteën zur Verfügung, an am Secondaire ronn 6.000.

An der Grondschoul maachen d'Fraen 81 Prozent vum Léierpersonal aus an d'Männer 19 Prozent. Am Secondaire sinn et 55 Prozent Fraen a 45 Prozent Männer.

Am Virfeld vun der Schoulrentrée huet d'Sécurité Routière betount, datt Automobiliste besonnesch gutt sollen oppassen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun