De Patrick Muller huet säi Wee als Museker ugefaangen. Mëttlerweil läit säi Schwéierpunkt op Installatiounen. Meeschtens hunn déi och eppes mat Klang ze dinn, doriwwer eraus hu se awer och visuell an interaktiv Komponenten. Dëse Multimedia-Artist krut elo vum Kulturministère d’Commande fir eng Kompositioun fir den Ensembel Lucilin. D’Wierk, dat dobäi erauskoum feiert en Dënschdeg (4.06.) seng Uropféierung an der Philharmonie. An erstaunlecherweis ass de Multimedia-Artist Patrick Muller beim reng Instrumentale bliwwen. Op d’mannst bei senger Definitioun vum reng Instrumentalen, wéi hien dem Luc Boentges verroden huet.