Mobilitéit

Héchstgeschwindegkeet op der A6 bleift wéinst Accident bis op Weideres op 90 km/h

Wéinst deem uergen Accident um Dënschdegmoien op der Autobunn A6 op der Héicht vu Stroossen, wou ee Kamion géint d‘kalifornesch Mauer gerannt ass, huet eng provisoresch kalifornesch Mauer missen erriicht ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ATP
(Foto: picture alliance / ATP )

Dowéinst bléift bis op Weideres d‘Héchstgeschwindegkeet op deem Deel vun der Autobunn op 90 Kilometer an der Stonn begrenzt.

Et géif een dovun ausgoen, datt an e puer Wochen d‘Aarbechten ofgeschloss wieren, esou heescht et am Schreiwes vu Ponts et chaussée.