Concert Euroradio

Herbert Blomstedt dirigéiert de Gewandhausorchester

All zwee Joer invitéiert de Georges Enescu Festival renomméiert Orchesteren, Dirigenten a Solisten op Bucharest. Bei dësem Live-Matschnëtt dirigéiert de 96 Joer ale Museker Herbert Blomstedt de Gewandhausorchester mat Sinfonië vum Franz Schubert a Franz Berwald.

auto_stories

1 min

Herbert Blomstedt beim Royal Concertgebouw Orchestra | © Eduardus Lee
Herbert Blomstedt beim Royal Concertgebouw Orchestra (Foto: Eduardus Lee)

Dëse Concert kënnt Dir bis de 6. Mäerz 2024 an der Mediathéik nolauschteren.

Programm:

  • Franz Schubert (1797-1828): Sinfonie Nr. 5 a Si bémol Majeur, D. 485
  • Franz Berwald (1796-1868):
    • Erinnerung an die norwegischen Alpen
    • Sinfonie Nr. 3 an Do Majeur

 

Interpreten:

Gewandhausorchester
Herbert Blomstedt, Direktioun