Den Edvard Grieg: Hien huet d‘Melodien aus senger Heemecht Norwegen, de “nordeschen Toun“, an d‘Concertssäll vun der Welt bruecht. Trotzdeem huet een him virgeworf ze populär ze sinn, fir eescht geholl ze ginn, ze verspillt, ze folkloristesch, fir mat engem Brahms oder Schumann matzehalen. Den 11. Juni 1892 hunn d‘Nina an den Edvard Grieg hir Sëlwer Hochzäit gefeiert - an hirem Haus, wat Troldhaugen heescht. De Joachim Fontaine erkläert firwat d’Stéck Hochzeitstag auf Troldhaugen, am Ufank weder eppes mam Haus, nach eppes mat engem Hochzäitsdag ze dinn hat.Den 11. Juni 1892 hunn d‘Nina an den Edvard Grieg hir Sëlwer Hochzäit gefeiert - op Troldhaugen. De Joachim Fontaine erkläert firwat dem Grieg seng Biografie net nëmmen aus Klicheeën a Karikature besteet.