Hommage un den André Reichling

Militärmusek goes Open-Air

Um 7. September spillt d'Militärmusek um Käercher Gréiweschlass an erënnert musikalesch un hire fréiere Chef André Reichling.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

Jean Thill | © radio 100,7 / Jo Diseviscourt play_arrow
Jean Thill (Foto: radio 100,7 / Jo Diseviscourt)

D'Käercher Gréiweschlass ass zënter e puer Joer well d'Location fir den Open-Air Concert vun der Militärmusek Ufank September. Wou déi lescht Jore musikalesch Lännerreesen oder Mëttelalter Programmer zesummegestallt goufen, erënnert een dëst Joer un den 2020 verstuerwenen a fréiere Chefdirigent André Reichling. Hien huet ënnert anerem 1989 déi offiziell Hymn vun der NATO komponéiert.

Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Lieutenant a Souschef-Dirigent vun der Militärmusek, de Jean Thill, iwwert de Programm. Mat dobäi huet hien och ganz vill Erënnerungen un den André Reichling an och méi lëschteg Anekdoten.

De Concert ass den 7. September 2025 ab 17 Auer zu Käerch um Gréiweschlass. Alleguerten d'Infoe fannt dir hei.

Lauschterenplay_arrow