De Prozess géif de 24. November ufänken a wier op véier Deeg ugesat. Déi Ugeklot musse sech wéinst Verstéiss géint d‘Naturschutzgesetz veräntwerten, erkläert de Justizspriecher Henri Eippers am Wort.
Zwou Persoune ware wéinst Drogebesëtz festgeholl ginn
Am Juli d‘lescht Joer waren 19 Persoune vun der Police matgeholl ginn, zwou weider Persoune ware wéinst Droge festgeholl ginn an an Untersuchungshaft komm. Déi solle virun d‘Bezierksgeriicht kommen.