Decidéiert gouf um Enn, datt d‘Industriestaaten de Länner aus dem Globale Süde bis 2035 all Joer 300 Milliarden Dollar solle bezuelen.
Dat wier eng Verdräifachung vun deem, wat bis elo misst vun den Industrielänner investéiert ginn, seet den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes.
"Dat war fir eis entscheedend, well d’nächst Joer zu Belém a Brasilien, do hätte mir esou een Accord net méi fäerdeg bruecht."
Serge Wilmes: Zeeche fir de Privatsecteur
Mat engem US-President Donald Trump géing dat nämlech fir déi Europäesch Unioun méi schwiereg ginn, esou ee Kompromëss mat den USA ze fannen, fäert de Serge Wilmes. Et wier awer elo mol en Ufank vun enger neier Era, déi kéint ugoen.
"Nämlech, datt elo nach vill méi Investitioune wäerte gemaach musse ginn. Dat gëtt och engem ganze Secteur kloer eng Richtung vir, also och dem Privatsecteur, déi awer domat Zeeche gesat kréien, datt sech Investitiounen a fossil Energien an Zukunft net méi wäerte lounen."
Den Ëmweltminister bedauert awer, datt keen Accord fonnt gouf doriwwer, wéi d'CO2 Emissioune solle reduzéiert ginn. Et wier een do nach ëmmer op deem selwechte Punkt wéi virun engem Joer zu Dubai. Virun allem d’Länner aus dem globale Süden an ONGe weise sech enttäuscht iwwer den Accord.
Raymond Klein: Total falscht Signal
UN-Experten no bräichten d’Länner aus dem Globale Süden iwwer 1.000 Millioun, also dräi mol méi als Entschiedegung fir de Klimawandel an als Hëllef bei der Energietransitioun. Änlech gesäit dat de Raymond Klein, Vertrieder vun der Associatioun Action Solidarité Tiers Monde bei Votum Klima.
"Et muss ee jo och soen, déi Fuerderungen hu sech bezunn op ëffentlech Gelder, a sou wäit ech verstinn, sinn déi 300 Milliarden d’selwecht wéi déi 100 Milliarden, déi elo do sinn, mobiliséiert Geld, dat heescht Geld dat och vun de Finanzmäert kënnt. An dat heescht mir si ganz wäit ënnert deem wat gefuerdert ginn ass."
Et wier an deem Sënn wuel ee Kompromëss, mee en total falscht Signal, mengt de Raymond Klein.