Vum 17. Bis den 22. November gëtt et an a ronderëm d’Philharmonie um Kierchbierg hëtzeg! D’Rainy Days stinn ënnert dem Thema “Heat” a presentéieren Donneschdes, den 19. November ee Concert mat lauter Commanden oder Neiopféierungen!
In the Furnace of Sound – sou ass de Concert iwwerschriwwen – mécht kloer, dass den Orchester deen Owend gefuerdert a gefërdert gëtt. Et geet een ob d’Sich no neie Kläng, extremen Iddien, dem Onbekannten!
An den Opus bréngt dir de Live Sound aus dem grousse Sall vun der Philharmonie heem an d'Stuff!
Lauschter ran! Dësen Donneschdeg ab 19h30 iwwer DAB+, d'Opus 100,7 App oder iwwert eise Stream op www.opus.radio
Duerch de Concert féieren de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)
Jack Sheen - Lap/Trough
De brittesche Komponist Jack Sheen krut vun der Philharmonie Lëtzebuerg, BBC Radio 3 an dem WDR Sinfonieorchester den Optrag ee Wierk ze schreiwen. Entstanen ass dobäi “Lap/Trough” fir grousse Sinfonieorchester. Sheen typesch ass och dëst Wierk mat Widderhuelungen a statesche Kompositiounsdeeler gerëscht.
Freya Waley-Cohen – Violin Concerto
Aner Weeër geet déi jonk brittesch Komponistin Freya Waley-Cohen. Fir hir Schwëster Tamsin schreift si ee Geieconcerto, deen eng éischte Kéier um Aldeburgh Festival ze héiere war.
Hir Schwëster Tamsin ass 3 Joer méi al wéi d’Freya a war fir si ëmmer ee Virbild. Duerch d’Kummerdir héiert d’Freya hir grouss Schwëster üben a Gei spillen a realiséiert: si wëll dëst Instrument och léieren! Genee dësen Dram gëtt elo knapp zéng Joer, nodeems d’Iddi am Raum stoung, ee Wierk gemeinsam ze komponéieren, Realitéit! Am Geieconcerto gëtt dëse Kandheetsdram mam Spille vun der Gei zum Liewen erwächt.
Et ass eng Commande vun der Philharmonie am Kader vun de Rainy Days, Britten-Pears Arts a BBC Radio 3.
Roland Wiltgen - Thermos
Och aus Lëtzebuerger Fieder gëtt direkt eng Uropféierung am Kader vun de Rainy Days gebueden. Den 69 Joer-ale Komponist a Pedagog Roland Wiltgen gräift d’Thema “Hëtzt”a sengem Wierk Thermos op. Hien kombinéiert Astronomie a Kosmologie a geet op déi éischt Momenter vun eiser Äerd musikalesch an.
Wéi huet eist Universum an den éischte Momenter nom Urknall geklong? Wéi kann een “fest”, “flësseg” oder gasfërmeg” mat Musek duerstellen?
George Lewis – Ohne festen Wohnsitz
Zu gudder Lescht steet dem amerikaneschen Trombonist George Lewis säi moderne Concert “Ohne festen Wohnsitz” fir Orchester a Piano/Perkussiounsquartett op der Affiche.
D’Themen “Verdreiwung” an “Transformatioun” ginn ugeschwat. De Lewis notzt Techniken aus der Improvisatioun, fir eegen Erfarungen a Kämpf mat der Dekolonialiséierung an der Kultur ze beschreiwen. Iwwert déi lescht Joren entsteet esou “Amo”, eng Rei Kompositiounen déi de Nolauschterer gräifbar solle maachen: Näischt ass sécher, et dierf een sech net ausrouen.
Interpreten:
Tamsin Waley-Cohen, Gei
Yarn/Wire, Ensembel
Luxembourg Philharmonic
Jack Sheen, Dirigent
Programm:
Lap/Trough (commande: Philharmonie Luxembourg / BBC Radio 3 / WDR Sinfonieorchester)
Violin Concert Nr.1 "The Dreamer" (commande: Philharmonie Luxembourg / BBC Radio 3 / Britten-Pears Arts)
Thermos (commande: Ministère de la Culture Luxembourg)
ohne festen Wohnsitz... (commande: Philharmonie Luxembourg / New York Philharmonic)