Pakistan huet Géigenattacken ugekënnegt. D'Land hätt ee Recht sech ze verteidegen, esou de pakistanesche Premier Shehbaz Sharif. Déi pakistanesch Arméi sot, si hätt zwee indesch Kampfjetten ofgeschoss.
Ausléiser vun der Eskalatioun war d'Attack de leschte Mount vu Militanten am indeschen Deel vu Kaschmir. Dobäi ware 26 Mënschen ëm d'Liewe komm, déi meescht dovun Touristen.
Indie mécht Pakistan mat responsabel fir déi Attack. Et géif kloer Indikatioune ginn, datt Terroristen, déi a Pakistan baséiert sinn, an d'Attack verwéckelt waren, behaapt Indien. Pakistan dementéiert dat.
International Opriff u béid Länner, sech zréck ze halen
Den UNO-Generalsekretär António Guterres huet béid Länner schonn um Mëttwochmoien opgeruff sech militäresch maximal zeréckzehalen.
Elo ruffen och d'Nopeschlänner Iran an Afghanistan déi zwou Atommuechten zur Zréckhalung op. D'Tierkei huet iwwerdeems virun engem "totale Krich" an der Regioun gewarnt.