Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Ingmar Lazar spillt César Franck

Klassik-Album vun der Woch

Ingmar Lazar spillt César Franck

Op sengem neien Album exploréiert de franséische Pianist Ingmar Lazar dem César Franck seng Karriär iwwer Pianosstécker, déi hien an ënnerschiddleche Periode vu sengem Liewe geschriwwen huet.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

play_arrow

Eng Emotional Achterbunn

Den Ingmar Lazar kënnt mat engem Album, deen eng ganz Palett un Emotiounen offréiert. Mol kléngt et dramatesch, traureg, pathetesch, mol romantesch an dann awer rëm liicht, frou a verspillt. De franséische Pianist hëlt eis mat op eng emotional Rees duerch dem Franck säi Kompositiounsliewen.

Virtuositéit a Präzisioun

Als Pianist zeechent sech den Ingmar Lazar duerch seng Virtuositéit an d'Präzisioun vu sengem Spill aus. Hie kritt et hinn, déi dynamesch Kontraster op eng authentesch Art a Weis ze spillen. Hie ka gläichzäiteg douce an exakt sinn, behält awer och d'Liichtegkeet an de Fangeren an deene méi haarden, déiwe Passagen.

Mat 13 Joer déi éischt Pianossonat

De César Franck huet seng éischt Sonat fir mat nëmmen 13 Joer geschriwwen. An deem Alter huet sech de Komponist nach vill u seng Virbiller gehalen an et héiert een nach däitlech d'Aflëss vu sengen Zäitgenossen. D'Sonat Nr. 1 erënnert immens un de Ludwig van Beethoven duerch seng héich emotional Kontraster.

Lauschterenplay_arrow