24 verschidde Sproochen huet de Claude Lenners a just engem Zyklus vertount. D‘Gemeinsamkeet tëschent alle Stécker ass d‘Thema vun den Insekten. E Mëttwoch (20.09) steet d‘Presentatioun vun der Opnam vun dësem Insekten-Zyklus am Neimënster op der Affiche. Wéi et zum Titel Insektenhotel komm ass, a wéi et zu deene 24 Sprooche komm ass, ënnert anerem doriwwer schwätzt de Luc Boentges mam Claude Lenners.
