Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ Inspiratioun aus der Renaissance

Concert Euroradio

Inspiratioun aus der Renaissance

An dësem Concert mam Sinfonieorchester vun Norrköping geet et ëm Wierker, déi vun zwee bedeitende Renaissance-Moler inspiréiert goufen: de Sandro Botticelli am Ottorino Respighi sengem “Trittico Botticelliano” an de Mathias Grünewald a säin “Insenheimer Altor” am Paul Hindemith senger Symphonie “Mathis der Maler”. Dertëschent spillt d'Lise de la Salle de Jeunehomme-Concerto vum Mozart.

auto_stories

1 min

© Caroline Kvick

Dëse Concert kënnt Dir bis den 31. Juli 2024 an der Mediathéik nolauschteren.

Um Programm:

Ottorino Respighi: Trittico botticelliano
Wolfgang Amadeus Mozart: Piano Concerto Nr. 9 (Jeunehomme), KV 271
Paul Hindemith: Symphonie “Mathis der Maler”

Interpreten:

Lise de la Salle, Piano
Norrköping Symphony Orchestra, Karl Heinz Steffens