Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Henri Wieniawski - Legend a Sol Mineur, Op. 17, I. Andante, II. Allegor, III. Tempo I - Anne-Sophie Mutter (Gei), Wiener Philharmoniker, James Levine (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ International Communautéit kritiséiert déidleche Virfall an der Gazasträif

110 Leit gestuerwen

International Communautéit kritiséiert déidleche Virfall an der Gazasträif

Mei ewéi 110 Leit si gëschter an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm. Bei der Verdeelung vun Hëllefsgidder koum et zu Gedrecks. Israeelesch Zaldoten hunn och op d‘Leit geschoss.

auto_stories

1 min

Foto:

De palestinenseschen UNO Ambassadeur huet den israeeleschen Zaldote virgeheit Leit geziilt viséiert ze hunn.

Israel dementéiert a seet, et wieren effektiv e puer Schëss gefall, dat well d‘Zaldoten sech bedreet gefillt hätten. Déi meescht vun de Leit wieren duerch Gedrecks ëmkomm, oder well se vun Hëllefscamionen ugestouss goufen.

International ginn déi Virfäll schaarf condamnéiert. Den UNO Generalsekretär Antonio Gueterres weist sech schockéiert. Den UNO Weltsécherheetsrot koum fir eng urgence Reunioun am Huis-Clos zesummen. D‘USA, en treien Alliéierte vun Israel fuerderen eng Enquête iwwer d‘Virfäll.

De Chef vun der europäescher Diplomatie, de Josep Borrell huet d‘Virfäll absolut inacceptabel genannt an drop higewisen, datt de Fait, fir Leit vun humanitärer Hëllef auszeschléissen, e grave Verstouss géint déi international Mënscherechter duerchstellt.