Zanter 2002 fënnt all Joer de Festival International de Musique d’Orgue de Dudelange statt. Dëst Joer kann een do nieft dem Diddelenger Titularorganist Alessandro Urbano och grouss International Stare wéi de Wayne Marshall, de Baptiste-Florian Marle-Ouvrard oder de Jean-Baptiste Robin lauschtere goen.
Gläichzäiteg kann een do am Moment och déi zéngt Editioun vum Internationalen Uergel Concours materliewen. D'Finall dovunner ass owes de Freiden 12. September. Am Jury stellt sech do och zesummen aus nationalen an international ganz bekannten Nimm.
De President vum Festival, Jean Eloi Olinger, huet am Gespréich mam Carole Mallinger-Leyers méi iwwert de Programm vum Festival a vum Concours verroden.
100 % Uergel
International Staren zu Diddeleng um FIMOD
Vum 6. September bis den 11. November 2025 ass de Festival International d’Orgue de Dudelange. De President Jean Eloi Olinger verréit méi.
auto_stories
1 min
headphones9 min
Diddelenger Uergel (Foto: Gilles Leyers)