Et géing een unhuelen, datt bis op d’Streaming Plattformen, den Internet an d’Artificiell Intelligenz net vill mat der Musek ze dinn hätten. Mee béides huet e groussen Afloss dorop, wéi mir Musek lauschteren oder presentéiert kréien, mee och wéi Kënschtler lo schonn, an och an Zukunft wäerte schaffen. A genau dat war d’Thema an enger rezenter Performance am Lëtzebuerger Pavillon zu Venedig op der Konscht Biennale.
Do huet d’Kënschtlerin a Wëssenschaftlerin Célin Jiang, mat hirem Spektaktel mam Titel "Trans Techno Rococo" nämlech genau op d’Thema an och op d’Auswierkungen opmierksam gemaach. De Jeff Schinker hat sech zu Venedeg mat der Kënschtlerin ënnerhalen.