Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Conter Buergermeeschtesch weist Mobbing-Virwërf vu sech

Livestream

Conter Buergermeeschtesch weist Mobbing-Virwërf vu sech

D'Gemeng Conter géif séier wuessen, an et wier inevitabel, datt et zu verschiddene Reorganisatioune misst kommen. Esou huet d'Buergermeeschtesch vu Conter Marion Zovilé-Braquet déi aktuell Situatioun an hirer Gemeng resüméiert. Do gouf et an de leschte Méint eng sëllege Virwërf wéinst Mobbing an engem toxeschen Aarbechtsklima.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

D'Buergermeeschtesch vu Conter, d'Marion Zovilé-Braquet. | © Jo Diseviscourt play_arrow

An der Gemeng Conter gouf et an de leschte Méint eng sëllege Virwërf wéinst Mobbing an engem toxeschen Aarbechtsklima. Notamment d'Gewerkschaften FGFC an OGBL haten déi Ëmstänn staark kritiséiert.

D'Reaktioun vun de Personaldelegatiounen

D'Buergermeeschtesch huet am 100,7-Interview déi Virwërf awer zeréckgewisen. Net emol d'Personaldelegatioun wier aktiv ginn. Vun där Säit wier "ni eppes komm", esou d'Marion Zovilé-Braquet.

"Ech mengen, wann esou schlëmm Mëssstänn wieren, oder esou en toxescht Klima gewiescht wier, an esou vill Leit gemobbt gi wieren, wéi dann do ugedeit ginn ass oder ënnerstallt ginn ass, da wier scho laang ee vun der Personaldelegatioun un de Schäfferot eruntrieden."

De Géigendeel wier de Fall gewiescht, esou d'Buergermeeschtesch. Eng vun den zwou Personaldelegatiounen hätt scho fréi ee schrëftlecht Statement gemaach, andeem si sech vun allem distanzéiert hätt, a wou och d'Tatsaach kritiséiert gouf, datt déi ganz Affär ëffentlech ginn ass.

Den OGBL hat an engem Communiqué Mëtt Januar vu Mobbing an der Gemeng geschwat an d'CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet direkt zitéiert. Dat nodeems e laangjärege Mataarbechter am Dezember zejoert entlooss ginn an eng OGBL-Delegéiert aus hirem Déngscht enthuewe gi war. An engem rezente Schreiwes widderspriechen d'Mataarbechter:innen vum Gemengenatelier deene Behaaptungen a soen, datt zanter dee bestëmmte Mataarbechter net méi do wier, d'Aarbechtsklima sech däitlech verbessert hätt.